01
2019
Aug

Sonnenopgangsfeier

Den 1. August gëtt weltwäit als Gebuertsdag vum Scoutissmus gefeiert (Brownsea Island 1907). Fir eise Centenaire wëlle mer dëse Gebuertsdag op eng speziell Art a Weis feieren. Mir wëllen alle Guiden a Scouten déi dat wëllen d’Méiglegkeet ginn, hiert Verspriechen feierlech ze erneieren. Dofir treffen mir eis den 1. August fréi mueres um Neihaischen a ginn zesummen op eng schéi Plaz fir de Sonnenopgang, verbonne mat enger Verspriechensfeier ze erliewen.

 

Invitatioun Sonnenopganksfeier um Neihaischen 1.8.2019

4h30 RV um Parking vum Mënsbecher Schlass an Uniform, Ausdeele vun de Fakelen

4h45 Depart vum Fakelscortège op d‘Plaz vun der Sonnenopganksfeier am Dall ënnert der Scoutskapell

5h15 Ried vum Bruno Winter iwwert den éischte Camp zu Brownsea Island 1907 an de Wäert  vum Verspriechen am Guidissem/Scoutissem

5h28 Sonnenopgank- a Verspriechensfeier mat der Geleeënheet säi Verspriechen ze erneieren

6h06 Cortège duerch den Dall bis erop bei d’Feierplaz am Square virum Chalet

6h30 Schoki, Téi & Kaffi-Croissant

 

Vum Mënsbecher Schlass bis bei d’Scoutskapell sinn et gutt annerhallef Kilometer (1,85 km fir genee ze sinn).

Fir d’Organisatioun ze vereinfachen, mellt iech w.e.g. beim Bruno Winter un a gitt Bescheed zu wéi vill der kommt. D’Umeldung kënnt och nach online op de Site vun „100 Joer LGS“. Och hei zielt, wëll net vill Parkplaze zu Mënsbech beim Schlass sinn, komm w.e.g. a Fuergemeinschaften dohin.

 

Mail:

Tel: 0049 172 620 999 7 oder 0049 6861 9151 560

 

Graphik: Daisy Wagner

 

„De Schlëssel, deen de Geescht vun der Scoutsbeweegung erschléisst,

ass d’Romantik vum Wëssen iwwer d’Liewensbedingungen am Bësch an d’Léift zur Natur.“

Lord Baden-Powell

„Scouting for Boys“

1908