18
2019
May

Regional Féierlechkeet zu Esch-Belval

‼️Den 18.05.2019 feieren d‘LGS hier 100 Joer mat all hire Memberen, Ancienen an alle Leit déi sech de Scoute verbonne fillen oder awer wëlle kenne léieren, op 3 Platzen am Land– zu Miersch am Park
– an der Stad ob der Kinnekswiss
– an zu Esch-Belval ënnert den Héichuewen

🕙Gefeiert gëtt vun 10:00 bis 18:00 Auer.🕕

Gebuede gi flott Scoutsaktivitéiten an Ateliere vun eise Gruppen.

Matmaache ka jidderee vu ganz jonk bis e bësse manner jonk.

🍴Fir Iessen an Drénken ass gesuergt.

Natierlech gëtt et och e Gebuertsdagskuch.

Ugeschnidde gëtt dësen:
zu Miersch um 11:00
an der Stad um 13:30
an zu Esch-Belval um 15:30

Komm och du a feier dëse ronne Gebuertsdag mat eis.🥳

#LGS #guidenascouten #100joer