18
2019
May

Regional Féierlechkeet zu Miersch

‼️Den 18.05.2019 feieren d‘LGS hier 100 Joer mat all hire Memberen, Ancienen an alle Leit déi sech de Scoute verbonne fillen oder awer wëlle kenne léieren, op 3 Platzen am Land

– zu Miersch am Park
– an der Stad ob der Kinnekswiss
– an zu Esch-Belval ënnert den Héichuewen

🕙Gefeiert gëtt vun 10:00 bis 18:00 Auer.🕕

Gebuede gi flott Scoutsaktivitéiten an Ateliere vun eise Gruppen.

Matmaache ka jidderee vu ganz jonk bis e bësse manner jonk.

🍴Fir Iessen an Drénken ass gesuergt.

Natierlech gëtt et och e Gebuertsdagskuch.

Ugeschnidde gëtt dësen:
zu Miersch um 11:00
an der Stad um 13:30
an zu Esch-Belval um 15:30

Komm och du a feier dëse ronne Gebuertsdag mat eis.🥳

#LGS #guidenascouten #100joer