Bamplanzaktioun
Fir dass mer en dauerhafte Souvenir vun eisem Centenaire behalen, planze mer den 1.Mee um Neihaischen ee Bam.
Invitatioun Éischt-Mee-Feier um Neihaischen 1.5.2019
Am Numm vum nationale Formatiouns- an Animatiounzenter Chalet Nicolas Rollinger bass du häerzlech op d‘1.Mee-Feier 2019 um Neihaischen invitéiert:
10h15 Rendezvous virun der Kapell Notre-Dame des Bois um Neihaischen
10h30 Guiden- a Scoutsmass mam Pit Faber musikalesch animéiert vum Christiane Wolter-Walisch
11h00 Gerb, Hym & Usprooch vum President vun de Scoutsresistenzler Bruno Winter bei der Kapell
11h30 Am Kader vum Centenaire “100 Joër LGS“ gëtt eng Eech op der Campplaz gesat
12h00 Offiziell Rieden
12h30 Éierewäin offréiert vun der Schëtter Gemeng
13h00 Porte Ouverte mat Visite guidée. Fir Iessen an Drénken ass beschtens gesuergt.
Jiddereen ass häerzlech wëllkomm. Wéinst organisatoresche Grënn ass eng perséinlech Umeldung erwënscht. W.e.g. dem Daniel Godart Bescheed soen. Well net vill Parkplaze do sinn, kommt w.e.g. a Fuergemeinschaften.
Tel: 51 37 86
Gsm: 621 31 78 61
Photoen 1.Mee-Feier 2018 mat Aweiung Bloc sanitaire a Visite vum Chantier a Präsenz vum Jugendminister Mr. Claude Meisch a Buergermeeschter vun der Gemeng Schëtter Mr. Jean-Pa