‼️Den 18.05.2019 feieren d‘LGS hier 100 Joer mat all hire Memberen, Ancienen an alle Leit déi sech de Scoute verbonne fillen oder awer wëlle kenne léieren, op 3 Platzen am Land
– zu Miersch am Park
– an der Stad ob der Kinnekswiss
– an zu Esch-Belval ënnert den Héichuewen
?Gefeiert gëtt vun 10:00 bis 18:00 Auer.?
Gebuede gi flott Scoutsaktivitéiten an Ateliere vun eise Gruppen.
Matmaache ka jidderee vu ganz jonk bis e bësse manner jonk.
?Fir Iessen an Drénken ass gesuergt.
Natierlech gëtt et och e Gebuertsdagskuch.
Ugeschnidde gëtt dësen:
zu Miersch um 11:00
an der Stad um 13:30
an zu Esch-Belval um 15:30
Komm och du a feier dëse ronne Gebuertsdag mat eis.?